E neit Schouljoer bedeit nei Energie, nei Iddien an nei gemeinsam Ziler.
Fir zesummen an d’Rentrée 2026/2027 ze starten, huet d’Direktioun dës Woch un de Plenièren an all Annexe deelgeholl.
Eng flott Geleeënheet, fir eis laangjäreg Mataarbechter erëm ze begréissen, eis nei Kolleeginnen a Kolleegen häerzlech wëllkomm ze heeschen a gemeinsam no vir ze kucken.
Op eng kreativ a lieweg Aart a Weis goufen dobäi och d’Schwéierpunkte fir dëst Schouljoer virgestallt – Themen, déi eis an de kommende Méint begleeden an un deene mir als Ekipp gemeinsam wäerte schaffen.
Ee Joer, eng Ekipp, eng Visioun – zesumme fir eis Schülerinnen a Schüler.