Wéi déi Jore virdrun hunn och dëst Joer d’Schüler an d’Personal aus dem CDI Annexe Waarken un den Nationale Bicherdeeg Deel geholl. Iwwert den Zäitraum vum 22- 30 Abrëll hunn d’Schoulklassen etlech Aktivitéiten zum Thema “Grouss a kleng Helden” gemaach.
Helde sinn iwwerall!
Ob couragéiert Pompjeeën, fiktiv Superhelden oder alldeeglech Helde wéi en hëllefräiche Frënd - d'Geschichten, déi wärend der Woch gelies, erzielt oder nogespillt goufen, hu sech ëmmer op den Held oder d’Heldin konzentréiert.
Weider Informatiounen fannt Dir ënnert folgendem Link.