Direkt zum Inhalt wechseln
Vorlesen

Wat hu se gesot? #5

„Clever move“ Bewegungswoche

Firwat? Wéi? Wat? Wou?

 

Firwat?

Beweegung dréit net nëmmen zur kierperlecher Gesondheet bai mee och zum psycheschen Wuelbefannen. Et as ausserdeem bewisen dass regelméisseg Beweegung di kognitiv Entwëcklung fërdert.

 

Wéi & Wéini?

All Klass organiséiert an der Woch vum 03. bis de 07. Juni eng Beweegungsaktivitéit pro Dag. Wann Turnen um Stonneplang steet ass d’Beweegung jo scho souwisou virgesinn, mee si kann och soss an den Alldag agebaut ginn: zesumme mat der Nopeschklass oder all Klass fir sech … alles ass méiglech.

 

Wat?

Um Site vum SCRIPT fannt dir eng Rei Iddien, mee mir si sécher Iech falen nach vill aner flott Bewegungsaktivitéitéen an. Falls dir sollt froen hu kënnt dir gär d’Spezialiste vun der Beweegung aus ärer Annexe froen: d’Ergotherapeuten a Psychomotoriker stinn Iech an dem Fall mat Rot an Dot zur Säit.

 

Wou?

Di Bewegungsaktivitéite kënnt dir do viirgesinn wou dir grad sidd. Sidd dir am Turnsall oder an der Piscine, da passt dat jo perfekt. Mee och wann dir am Klassesall sidd kënnt dir Iech do beweegen, oder wann d’Wieder gutt ass eng Aktivitéit am Haff plangen.

 

Wichteg:

Schéck eis eng Foto vun enger flotter Aktivitéit a mir machen e flott Pouster. (psychomotricité@cc-cdi.lu)

 

Alain Frantz, Laura Rauen an Isabelle Wirtz

 

zurück zum Newsletter